Wéi si dovun héiren huet, datt d‘Organisatioun vun hierem Wonsch vun „Ambulance Wens Nerderland“ gemaach géif ginn, war si am Ufank rosen. Dono huet si erkläert : „Obwuel ech geduecht hunn, ech kéint et aleng packen, konnt ech den Dag dank dem Ambulanzteam wierklech genéissen. Dat wa alles, wat ech gebraucht hunn.“
Dag dank dem Ambulanzteam wierklech genéissen. Dat wa alles, wat ech gebraucht hunn.“
Eng leschte Kéier ass si an déi Stad gefuer, an där si op d’Welt komm ass. Si huet hir al Schoul besicht, de Café, an deen si als Kand ëmmer gaangen ass. Si huet d’Haus vun hiren Eltere besicht, a konnt sech bei hire Léiwen ausrouen, einfach doheem sinn, Duechter sinn, op der Fotell léien, de Mupp heemelen. En Ament Normalitéit an Trouscht an der begrenzter Zäit, déi hier nach bliwwen ass.
Well si fréier Dänzerin war, ass et ausserdeem an den Theater gaangen, an dem si fréier gedanzt huet. Do huet si, wärend si op der Brëtsch louch, de leschten Danz mat hirem eemolegen Danzproff gedanzt – mat engem breede Laachen um Gesicht.
Wéi d’Karen van Hout dat Laachen op hirem Gesiicht gesinn huet, déi Freed, déi si emfonnt huet, déi Léift, déi si ëmginn huet, ass hir d‘Auswierkung vun „Ambulance Wens Netherlands“ bewosst ginn. De Pouvoir, de leschte Wonsch vu Mënschen z‘erfëllen, hinnen eng leschte Kéier e schéinen Dag ze schenken.
Deeg wéi déi sinn e wëllkommene Liichtbléck an der schwéierer Zäit, déi si duerchmaache mussen. Déi Deeg sinn voller wonnerbarer Erliefnesser a schéinen, onvergiesslechen Erënnerungen.
Nodeems mir dësen Zauber erlieft hunn, an elo wëssen, dass et méiglech ass eppes dat onméiglech schéngt z‘erfëllen, an ons der Auswierkung fir de Patient an seng Famill bewosst sinn, freeën mir eis, dëst häerzlecht a wueltätegt Wierk och zu Lëtzebuerg wëllkomm ze heeschen.