Skip to content

Aleedung

Powered by Hospilux

Aféierung

Mir sinn d‘Ambulanz Wonsch ASBL. Hanner dësem Numm stécht d’Iddi, mat Hëllef vu Fräiwëllegen an onsen eegenen Ambulanzen di läscht Wënsch vun onheelbar kranke Patienten z'erfëllen.

Et gëtt ëmmer nach ze vill Patienten, di stierwen, ouni dass si an dëser leschter Phase vun hirem Liewen nach eppes maache kennen. Eng vun den Ursaachen ass d’Onméiglechkeet, bestëmmte Wënsch ze verwierklechen, well de Patient neméi mobil ass, an aner existent Méiglechkeeten net duer ginn.

Ambulanz Wonsch erméiglecht et Mënschen, di palliativmedezinesch betreit ginn oder onheelbar krank a bettlägerech sinn, e leschte Wonsch z‘erfëllen, andeems si eng Platz besichen, di fir si perséinlech vu Bedeitung ass, z.B. den eegene Gaart bewonneren, deen ee bedeitungsvollen Uert erëmgesinn, oder vun hire Léiwen an Hausdéieren ëmginn ze sinn. Et si meeschtens di kleng Saachen, di engem Mënsch um Enn vu sengem Liewen am meeschte bedeiten. Saachen, di soss onerreechbar wieren.

Medezinesch geschoult Fräiwëlleger a speziell Autoe suergen dofir, dass dees läscht Dreem ouni Käschte fir de Patient oder seng Famill wouer ginn. Den Déngscht ass vollstänneg spendefinanzéiert, a gëtt vu medezinesch geschoulte Fachkräften aus dem Gesondheetswiesen éierenamtlech duerchgefouert.

Mir sinn Ambulanz Wonsch

D’Initiativ Ambulanz Wonsch baséiert op engem nidderlännesche Modell – der Stichting Ambulance Wens Nederlands. Viru fofzéng Joer, wéi sech den Transport vun engem Patient mam Numm Mario Stefanutto verzögert huet, huet de Kees Veldboer, deemools Ambulancier an Holland, gefrot, ob en iergendwou hifuere wéilt. 

De Séimann an der Pensioun huet gesot, en géif den Hafe vu Vlaardingen gären nach emol gesinn. De Kees huet net laang iwwerluecht, an de Mario bei den Hafe gefouert. Wärend dem Fueren huet de Kees de Mario gefrot, op deen nach eng Kéier seegele wéilt.

Dem Mario seng Wierder "Ët erfëllt mech mat Freed, ze wëssen, datt et nach Mënsche gëtt, déi sech em anerer këmmeren. No deem, wat ech erlieft hunn, hat dëse Geste, d’Erfëllung vu mengem Wonsch, e groussen Afloss op mech.“

De Mario sot, dass dat net méiglech wier, wëll en lo eng Brëtsch géif brauchen. Mee de Kees war fest entschloss, dem Mario dee leschte Wonsch z'erfëllen, an dat huet en och gemaach.

Wéi en de Wonsch erfëllt huet, an dat grousst Gléck um Mario sengem Gesiicht gesinn huet, huet de Kees erkannt, wéi wichteg et ass, e leschte Wonsch z‘erfëllen. Net nëmme fir d’Persoun selwer, mee och fir hir Famillen, Frënn an d’medezinescht Personal. An deem Moment gouf d’Missioun gebuer, an de Kees huet decidéiert, eng Stëftung ze grënnen, d’Stichting Ambulance Wens Nederland.

Eis Equipe

Karen van Hout
President 

Leon van Hout
Tresorier

Ellen Boersma
Grënnungsmember

Roeland Pels
Comité vun Recommandatioun

Suzanne Verhoog
Wish Coordinator

Lotte Koch
Wish Coordinator

Vanessa Schmit
Wish Coordinator

Elly Madden
Wish Coordinator